Lager 103 - De Feind am Duerf

Nodeems déi däitsch Zivilverwaltung Enn August 1942 d'Wehrpflicht deklaréiert huet, kënnt et zu engem Streik, dee grouss Deeler vum Land erfaasst huet. Willkürlech léisst de Gauleiter Simon doropshi Leit erschéissen a setzt direkt duerno e präzis ausgeschaffte Plang ëm: d'Ëmsiidlung! All Widderstand soll gebrach ginn. Scho méi laang ass d'Famill Arendt vu Recken bei Miersch den Nazien een Dar am A. Si ass nazifeindlech agestallt a verstoppt hir Astellung net. Den 19. September 1942 gi si als éischt Famill am Land a Schlesien ëmgesiidelt. Hinne bleiwe just e puer Stonne fir dat Néidegst anzepaken. Da kënnt e Bus si sichen. D'Famill Arendt réckelt elo ganz no beieneen a verléiert zu kengem Moment hir Dignitéit a si léisst sech net verbéien. No engem längere Leidenswee kënnt d'Famill am Ëmsiidlungslager zu Boberstein un. An der Nazisproch: Lager 103! Vun Ufank u verlaangert d'Catherine Arendt no hirem Heemechtsduerf a wëll heem. Den 29. Dezember 1943 ass et esou wäit a si däerf d'Lager verloossen an zréck op Lëtzebuerg kommen. Mä et koum anescht… ganz anescht.

Séances du 03/12 au 09/12

Kinoler, Kahler

Me 03Je 04Ve 05Sa 06Di 07Lu 08Ma 09
17:00
18:00
RéalisateurFred Mersch
ActeursAntoine Grimée, Ern Kohn, Malou Kohn, Ivan Mersch
GenreGuerre
Durée35 min.
VersionV.Lux., 2D
PaysLuxembourg
Année2025
Admission12 ans
Production-