De Misär, deen den Zweete Weltkrich iwwer Lëtzebuerg bruecht hat, ass haut kaum nach no ze vollzéien. Vergiessen dierfe mer dat trotzdem net. Ze vill séier kann dat alles nees geschéien. Als Erënnerung un déi Mierscher Awunner, déi ënnert der Nazi-Herrschaft hiert Liewe gelooss hunn, produzéieren d'Mierscher Guiden a Scoute vum Grupp Saint Michel mat de Mierscher Geschichtsfrënn all Joer e Film. Am Ufank steet just ee Numm. Mee hannert all Numm verstoppt sech eng Geschicht vu Courage an Asaz fir d'Land.
Réalisateur | - |
---|---|
Acteurs | - |
Genre | Guerre |
Durée | 38 min. |
Version | V.Lux., 2D |
Pays | Luxembourg |
Année | 2024 |
Admission | 6 ans |
Production | - |