
De lëtzebuergesche Kino ass e vergläichweis rezente Phenomeen. Bis Ufank vun den 1980er-Joren hu sech déi professionell Filmaktivitéiten am Grand-Duché op d'Schafe vun eenzele Pionéier wéi beispillsweis de René Leclère oder de Philippe Schneider beschränkt, déi awer virun allem Documentairë gedréit hunn. Duerch de grousse Succès, deen d'Spillfilmaarbechte vun der AFO (Congé fir e Mord, 1983), RTL (Déi Zwéi vum Bierg, 1985) an dem Andy Bausch (Troublemaker, 1988) beim einheimesche Public fir sech konnte verbuchen, ass den Interessi u lëtzebuergeschen a lëtzebuergeschsproochegen Filmproduktioune genausou gewuess, wéi d'Bereetschaft vum Staat, d'Entwécklung vu professionelle Filmproduktiounsstrukturen ze fërderen. Säitdeem entwéckelt sech den nationale Kino gewëssermoossen an zwou Richtungen: Der Sich no enger dezidéiert lëtzebuergescher filmescher Identitéit, inklusiv eegener Theemen- a Billersprooch, stinn Internationaliséierungsbestriewunge géintiwwer, mam Zil, lëtzebuergesch (Ko-)Produktiounen och am Ausland visibel ze maachen. D'Ciné-conférence zeechent ënnermoolt vu sëllegen Extraiten, och aus de Filmarchive vum CNA no, wéi sech de Kino säit dem Ufank vum 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg entwéckelt huet, a wéi eng cineastesch, kulturell an ekonomesch Facteuren ausschlaggebend woren fir seng schrëttweis Professionaliséierung an Internationaliséierung.
| Réalisateur | Yves Steichen (CNA) |
|---|---|
| Acteurs | - |
| Genre | Ciné-Conférence |
| Durée | 120 min. |
| Version | V.O., 2D |
| Pays | Luxembourg |
| Année | 2024 |
| Admission | 6 ans |
| Production | - |